Hëlleft eis déi zukünfteg Guichets de proximité ze gestalten!

Maacht mat
bei eiser Ëmfro

Hëlleft eis d'Zukunft vun den ëffentleche Servicer an Ärer Géigend ze gestalten!

Iwwert d'Ëmfro

Loosst eis zesummen déi ëffentlech Servicer méi zougänglech an inklusiv maachen!

Schonn haut begleet de physeschen Accueil vu Guichet.lu an der Stad d'Bierger bei hiren administrativen Demarchen an hëlleft hinnen déi zoustänneg Verwaltungen ze fannen. Dëse Guichet Accueil bitt mënschlech Ënnerstëtzung fir déi, déi Guichet.lu net online benotze kënnen oder wëllen.

Am Koalitiounsaccord huet d'Regierung sech engagéiert dës Servicer och an aner Regiounen unzebidden. Fir sécherzestellen, datt dës dezentraliséiert Guicheten den Erwaardunge vun de Bierger entspriechen, lancéiert den Digitaliséierungsministère eng Online-Ëmfro fir Är Virschléi ze sammelen.

Dës Initiativ soll déi digital Inklusioun fërderen andeems si Zougang zu administrative Servicer fir all Bierger garantéiert, onofhängeg vun hirem Standuert oder digitale Kompetenzen. 
Esou sollen d'Accessibilitéit vun den ëffentleche Servicer am ganze Land verbessert ginn.

Entdeckt d'Campagne